Reservéiert Äre Rendez-vous ganz bequeem online fir Är Behandlung.


Fir eng physiotherapeutesch Behandlung ass an der Reegel eng gülteg Ordonnance vum Dokter néideg. Wichteg: Dës Ordonnance muss bannent 30 Deeg no der Ausstellung un d’CNS (Krankekeess) geschéckt ginn – soss gëtt se net méi ugeholl.
Wann Dir keng Ordonnanz hutt, kann d’Behandlung trotzdeem gemaach ginn – an dësem Fall ass se komplett selwer ze bezuelen.
Wann Dir Froen zur Verschreiwung oder zu de Käschten hutt, schwätzt mech gären drop un – ech hëllefen Iech gär weider a fannen zesumme mat Iech déi bescht Léisung.
Zu Lëtzebuerg ass d’Osteopathie e staatlech unerkannte Beruff. Osteopathe brauchen eng offiziell Aarbechtserlabnis. D’CNS iwwerhëlt aktuell nach keng Käschte fir osteopathesch Behandlungen. Dat bedeit: D’Patiente bezuelen dës Behandlunge selwer.
Wann Dir eng Zousazversécherung hutt, iwwerhëlt se an de meeschte Fäll en Deel vun de Käschten. Et ass ubruecht, Iech virun der Behandlung bei Ärer Versécherung ze informéieren, wéi vill iwwerholl gëtt.
Ech hëllefen Iech gär weider, wann Dir dozou Froen hutt.
Wann Dir e geplangten Termin net anhale kënnt, bieden ech Iech, dëse mindestens 24 Stonnen am Viraus ofzesoen.
Bei enger Ofso vu manner wéi 24 Stonnen oder net Optauche muss de ganze Betrag vollstänneg a Rechnung gestallt ginn.
Merci fir Äert Versteesdemech a fir Är Rücksicht.
No enger osteopathescher Behandlung kann et zu liichte Reaktioune kommen, déi meeschtens nëmmen kuerzfristeg sinn. E puer Patienten berichten z. B. iwwer:
• Middegkeet
• Muskelkater
• Liicht „Zéien“ an de behandelte Beräicher – wéi nom Sport oder enger intensiver Deenung
Heiansdo kënne bestoend Symptomer sech kuerzfristeg verstäerken – dat nennt een „Erstverschlimmerung“. Dëst ass eng normal Reaktioun vum Kierper an en Zeeche fir datt den Heelmechanismus aktivéiert gouf. Dës Symptomer verschwannen an der Reegel no 24 bis 48 Stonnen.
No der Behandlung sollt Dir:
• Op Äre Kierper lauschteren
• Genuch Waasser drénken, fir d’Regeneratioun z’ënnerstëtzen
• Keng intensiv kierperlech Belaaschtung direkt dono
Wann Dir staark oder ongewéinlech Symptomer hutt, zéckt net, mëllt Iech bei mir – ech sinn do fir Iech a klären Är Froen.
Am Allgemengen ass d’Osteopathie eng douce a patientenorientéiert Therapieform, soudass Niewewierkungen an der Reegel nëmme kuerzfristeg sinn.
Schreift mir. Ech hëllefen Iech gären weider.