D’Therapiezenter Hiefenech befënnt sech an enger moderner, ebenäerdeger a barrièrefräier Praxis, déi Iech e komfortabelen a zougängleche Besuch erméiglecht – och fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit. Op 60 Quadratmeter erwaarden Iech zwee gutt equipéiert Behandlungsraim, an deenen Dir Iech an enger roueger a angeneemer Atmosphär op Är Therapie konzentréiere kënnt.


Mäin Numm ass Michel Pickel, an ech si Kiné an Osteopath.
Ech hu Physiotherapie zu Nürnberg an Utrecht (Bachelor of Science) studéiert a schaffen zënter 2015 als Kiné – ufanks zu Nürnberg an zënter 2018 zu Lëtzebuerg.
Meng Ausbildung zum Osteopath hunn ech begleedend zu menger Aarbecht um Institut für Angewante Osteopathie (IFAO) gemaach. 2024 hunn ech mäi Masterstudium an der Osteopathie un der Héichschoul zu Idstein erfollegräich ofgeschloss.
Meng Behandlungen orientéieren sech individuell un Äre Beschwéier an Ziler. Jee no Besoin entscheede ech mech fir physiotherapeutesch oder osteopathesch Usätz – ëmmer mam Zil, déi fir Iech passend Therapieform unzewenden an eng nohalteg Verbesserung z’erreechen.

eng passionéiert Physiotherapeutin souwéi Personal- a Pilatestrainerin :)
Sport a Beweegung begeeschtere mech schonn zanter menger Kandheet, an dofir war séier kloer, datt e Liewen ouni kierperlech Aktivitéit fir mech net a Fro kënnt. Also hunn ech beschloss mäin Hobby zum Beruff ze maachen a Physiotherapeutin ze ginn.
Mäi Staatsexamen hunn ech am Dezember 2022 erfollegräich ofgeschloss an duerno nach weider Formatioune gemaach, wéi manuell Lymphdrainage, Beckebuedemgymnastik oder CMD.
Zënter Mee 2026 schaffen ech am Therapiezenter Hiefenech a freeë mech, fir Patientinnen a Patienten ze hëllefen, opzeklären, si ze motivéieren an hinnen ze weisen, datt Beweegung och a kuerzer Zäit Freed maache kann ;)
Sech fräi beweege kënnen ass eng vun de schéinste Saachen, déi d’Liewe bitt – a genee dat wëll ech un aner Mënsche weiderginn.